Den «4.lux-Airport escher kulturlaf» geet net eréischt lass mam Depart vun der éischter Course.
An de verschiddene Quartiere vun Esch ass fir Animatioun gesuergt: Duerch d’Museksgruppen, déi am Kader vun der „Course-musique“ rondrëm d’Streck verdeelt sinn resp. duerch de Streetfestival, deen dee Moment nach an der Uelzechtstrooss aktiv ass an och während der Course fir Stëmmung an der gréisster Akafsstrooss vu Lëtzebuerg suergt.
Um 18:25 Auer waerten dann e puer Inline-Skater - als Demo- un den Départ goen.
5 Minutte méi spéit (um 18:30 Auer) wäerten d’Leefer vun den Haaptcourssen sech op de Wee maachen: 10 Meilen, 10 Kilometer, Team-Run an 5 Minutten mee späit d’Walker.
D’Kanner, déi um Yuppi-Mini-Kulturlaf, respektiv um Junior Kulturlaf deelhuelen, ginn um 17:30 Auer op d’Streck um Site vun Esch/Belval gelooss.
No der Arrivée vun den eenzelne Leefer ass et awer nach net eriwwer: E musikalescht Fest gëtt no der Arrivée, an an virun der Rockhal, organiséiert, dat bis spéit an den Owend dauert.