D'Course vun A bis Z
Accès
Am einfachste kommt Dier iwwert d'A4 op Esch-Belval. No der leschter Sortie (Raemerech) ass den Wee beschëldert. Duerch de Rondpoint Raemerech geet et no der Sortie Bieles no lénks op de Site vun Esch-Belval erop. Mir recommandéieren Iech de Parking vis-à-vis vun der RBC Dexia ze huelen (payant) an dann bis bei d’Aire de Depart ze trëppelen.
Gesitt genuch Zäit fir, fir op de Site ze kommen! En Départ ënnert Stress kann Iech drun hënneren, Är Course esou ze lafen, wéi Dir Iech dat virgeholl hutt, an dat wëlle mir vermeiden.
Consigne
Um Dag vun der Course kënnt Dier är Sportssacoche an der Consigne an der Rockhal ofgin. Denkt w.e.g. drun d’Sacoche daitlech mat ärer Dossardsnummer ze beschrëften. Mir bieden iech och, sou fréi wéi méiglech d’Sacochen ofzegin fir net ze spéit bei den Départ ze kommen.
Den Départ vun den Haaptcourssen (10 Meilen, 10 Kilometer) ass um 18:00 Auer, em 18.05 Auer ginn Walker an den Relais-Equipes Run for Fun op den Depart.
D’Leefer, déi den Depart op den hënneschter Positiounen huelen, hunn deemno keen Désavantage. Et soll ee sech awer sou fréi wéi méiglech op de Wee op den Départ maachen. All Leefer gëtt individuell chronometréiert.
De Startschoss fir de Mini-Kulturlaf an de Juniorlaf gëtt um 17:00 Auer ginn.
Dossards
Méi Infos demnächst...!
Duschen
Dëst Joer sin Duschen um Site selwer installéiert. En sougenannten Duschttruck mat getrennten Duschen steet direkt niewt dem Site beréd fir d’Lefer. Getrennte Vestiären stinn hannert dësem Truck de Leefer zur Verfügung.
Kannerbetreiung
D’Betreiung fir Kanner vun 4 Joër un fonctionnéiert och dest Joer nés. Fir Umeldungen schéckt w.e.g. eng e-mail mam Numm, Virnumm, Alter vum Kand an enger Telefonsnummer wou Dir erréchbar sidd un: yolande.lorentz@kulturlaf.lu. Kanner, déi beim Yuppi-Minilaf a beim Junior-Laf wëlle matlafen, gi bis bei den Départ begléd. D’Garderie gett vu qualifizéierten Educatricen betreit. Den Dag vun der Course ass et, souwait d’Capacitéit et erlaabt, nach méiglech ärt Kand an der Kannerbetreiung unzemëllen. D’Kannerbetreiung befënnt sech um Site vun der Rockhal.
Kulinaresch Stänn
Och dëst Joer steet dëse Volet nees ënnert dem Slogan “Gesond iessen - méi bewegen”. Verschidden Escher Associatiounen bidden de Leit ënner anerem international Spezialitéiten un, déi iwert Fritten a Grillwurscht eraus ginn.
Perturbatioune vum Traffik
Während der Course bleift e groussen Deel vun der Streck komplett fir de motoriséierte Verkéier gespaart. Fir den Traffik an Esch awer net ganz zum Stëllstand ze bréngen, wäerten déi eenzel Streckenofschnëtter eréischt 10 Minutte virum Passage vun dem éischte Leefer gespaart an 10 Minutten nom Passage vun dem leschte Leefer nees fir den Traffik opgemaach ginn. Trotzdem soll een awer dovunner ausgoen, datt et zu Schwieregkeete kommen kann, wann een mam Auto an der Zäit vum Laf ënnerwee ass. Mir maachen och drop opmierksam, déi verschidden Hiwäisschëlder laanscht de Parcours ze beuechten, déi di zwou lescht Woche virun der Course opgestallt ginn. Bénévolen an Agente vun der Police wäerten duerfir suergen, datt d’Streck gespaart bleift.
Präisverdeelung
Präisverdeelung fënnt statt an der Rockhal ab 20.30 Auer.
Ravitaillement
Déi schnellste Leefer wäerten no ongeféier 30 Minutten iwwert d’Ligne d’Arrivée lafen: Während dëser relativ kuerzer Zäit vun Ustrengung hu si kee Besoin no engem grousse Ravitaillement. Fir déi méi lues Participanten an d’Hobby-Leefer awer ass et wichteg, fir genuch Flëssegkeet an déi néideg zousätzlech Energie zou sech ze huelen. Fir dësen Zweck gëtt et dräi Ravitaillementsstänn, deen d’Leefer mat deem Néidegste versuergt, fir datt si gesond d’Arrivée erreechen.
Resultater
D'Resultater vun de Coursë kennt Dir ab Sonndes, dem 04. September 2011 op éisem Internetsite fannen.